Aujourd‘hui, nous avons visité le centre visiteur de Apple qui se situe à Cupertino. Après avoir essayé tous les nouveaux gadgets Apple, nous avons reçu une multitude d‘informations sur l‘histoire et le développement de cette entreprise globale.


Le bus nous a ensuite emmené au Santa Cruz Beach Boardwalk. Un peu comme sur la Schueberfouer, les enfants ont pu explorer une merveille d‘attractions et jeux tout en se promenant sur la plage. La bonne météo californienne, comme les autres jours d‘ailleurs, fut également au rendez-vous.

Bien fatigués, nous avons savouré un all-you-can-eat à la mexicaine avant de repartir pour le hostel.

 

Questions pour 11 champions


Comment as-tu trouvé la visite de l’Apple Visitor center/Santa Cruz?  

 

Jérôme: L'Apple Visitor Center était cool, j'ai bien aimé qu'il nous laissent sortir avec les appareils électroniques. Santa Cruz était aussi super.  

 

Pierre: C'était très dommage qu'on a pas eu l'occasion de visiter le bâtiment en lui-même mais d'avoir qu'une vue du Infinite Loop, j'ai bien aimé Santa Cruz car étant un fan de skateboard, j'ai pu enfin voir une des capitales de skateboarding.

 

Christos: J'ai bien aimé la visite de Apple car les bâtiments étaient très futuristes et modernes. Mais c'était assez dommage que tout était assez cher et on a pas pu voir grand chose de du bâtiment en lui-même. Santa Cruz était génial, c'est une expérience que je ne vais jamais oublier et que je voudrais toujours faire et que je recommencerai pour sûr. En plus voir l'océan pacifique est quelque chose de magique.  

 

Bernardo: J'ai aimé la réalité augmentée qui nous a permis de voir le bâtiment mais c'était dommage que les prix étaient assez chers. J'ai adoré la plage à Santa Cruz, c'était magnifique.  

 

Hermès K. : J'ai adoré la visite du Apple Visitor Center et de Santa Cruz, c'était juste dommage que ça n'a pas duré plus longtemps.  

 

Yorrik: J'ai adoré la visite à Cupertino car on avait le droit de marcher librement avec les iPhones/iPads pour bien les essayer. J'ai aussi bien aimé Santa Cruz à cause de la belle vue.  

 

Victor: C'était super, on a vu pleins de trucs géniaux, sur le toit, on pouvait faire de superbes photos. En plus les iPads pro avec L'Apple Pen étaient supers à essayer. - EDIT de la rédaction: Notre cher Victor a malheureusement perdu son iPod Touch en cours de route. Heureusement, le groupe autour de lui en est conscient et lui aide :-)

 

Théodore : J'ai bien aimé la visite à Cupertino, ils ont super bien expliqué, et le temps était magnifique. La plage de Santa Cruz était juste sublime, les attractions etaient très amusantes.  

 

David J. : J'ai bien aimé la visite à Cupertino, j'ai adoré la visite augmentée qu'on a pu faire de l'Infinite Loop. J'ai adoré les montagnes russes qu'on a pu faire, la plage était aussi magnifique.  

 

Tom:  J'ai bien aimé la visite de l'Apple Visitor Center, les iPads étaient super biens, du côté de Santa Cruz, les attractions étaient très bonnes.  

 

Ignas: J'ai bien aimé car on pouvait jouer des jeux gratuitement, mais c'était dommage que c'était toujours les mêmes jeux. J'ai adoré Santa Cruz, la maison d'horreur, on avait super peur!

 

INTERVIEW MAM GENERALKONSUL VU LËTZEBUERG A KALIFORNIEN PIERRE FRANCK 

 

Wéi kënnt een dozou Konsul vu Lëtzebuerg ze ginn? Ass dat ee Wee deen een direkt aschléit oder ass dat en Zesummekommen vu verschiddene Facteuren?

Et ass an enger gewësser Weiss en Zesummekommen vun deenen zwee Konsulater ginn et der der 3: deen zu San Francisco, een zu Shanghai an een zu New York. An der Reegel  sinn et Carrièresdiplomaten déi op déi Posten kommen. Heiansdo sinn et der awer och vum Wirtschaftsministère. Eben virun allem un der Westküst sinn d’Themen ganz vill iwwert Tech-entreprisen déi eng Präsenz an Europa wëllen op- oder ausbauen. Do brauch een eng gekräizten Kompetenz: Wirtschaftlech an Diplomatesch. Virdrun war ech am Wirtschaftsministère fir 4 Joer fir Wirtschaftsfërderung. Dat huet mech dee Moment op d’Schinn bruet fir heihinner ze kommen.

 

Hutt Dir deemools hei postuléiert?

Normalerweis ass et esou dass a reegelméissegen Ofstänn Posten ausgeschriwwen ginn. Déi Diplomaten déi eng Zäitchen op hirem Posten sinn kréien dee Moment gesot dass et nees Zäit wier fir op eng aner Platz weider ze reesen. Sou entsteet dann dee Roulement. Wann een potenziell dann an där Positioun ass dann kuckt een sech un wat fir Méiglechkeeten bestinn. Nodeems een sech dann mellt gesäit een dann wat geschitt.

San Francisco spezifesch war en gléckleche Zoufall.  An deem Sënn war San Francisco ee Posten op deen ech mir a priori net direkt Chancen ausgerechent hat. Et ass dann esou dass een dee richtege Moment muss erwëschen. Et handelt sech definitiv hei em een vun deene schéinsten Posten. Vum Beruff hier ass déi ganz Techwelt natierlech faszinant ze gesinn, an dat mat all sengen Facetten. Zum aneren gëtt et natierlech schlëmmer Platzen fir ze liewen wéi Kalifornien!

 

Wéi ass et fir d’Famill fir ze ëmmer ze verreesen? Wéi bréngt een do alles ënnert een Hutt?

Bei mir, an dat ass de Fall bei ganz villen Kollegen, ass Famill e ganz wichtegen Aspekt. Wou mer higinn ass eng Decisioun déi mer zesummen treffen. Spezifesch fir Kalifornien hate mir d’Chance am Summer hei eis Vakanz ze verbréngen, sou dass mir eis schonn konnten eng Iddi maachen wéi et wier fir hei ze wunnen, wann Vakanz dann och nach eppes anescht ass wéi wunnen. Et war sécher eng Erausfuerderung fir d’Kanner fir vun engem Schoulsystem an deen aneren ze wiesselen, virun allem fir eise Jong deen op Septième nëmmen ee Joer Englesch hat éiert en heihinner koum. Mee am Endeffekt ass et no den éischten Schwieregkeeten an dem Verloscht vun engem ganzen sozialen System fir si ëmmer eng beräicherend Erfarung, wat si selwer och sou gesinn. Virun allem léiert een eng aner Mentalitéit kennen, wéi zum Beispill deen aneren Ëmgang mam Liewen allgemeng: Et erlaabt de Kanner fir aus béiden Kulturen ze léieren an och aus der enger jeeweils eraus kritesch op déi aner Kultur ze kucken. An dat war ganz opschlossräich, sief et wann een op d’Amerikanesch Politik kuckt, mee och wann een no enger Zäit gesäit wéi een an Europa verschidden Saachen einfach ugeholl huet déi normal waren oder net a Fro gestallt huet.

 

Lo hat Dir eis haut fir d’éischten Kéier kenne geléiert. Wat waren Är 1. Impressiounen elo mat de Pueri an mat dësem kulturellen Echange ?

An engem gewësse Sënn ass den Nodeel vun dësem Posten deen dass en vill op Wirtschaft opgebaut ass, an éischter manner op kulturell Aspekter, och wann een zwar ëmmer d’Méiglechkeet huet mat Amerikaner, déi ee gewëssenen Virwëtz vis-à-vis vun Europa hunn, en Austausch ze hunn.

Ech sinn dann awer ëmmer frou wann sech dann déi Méiglechkeet ergëtt, well et awer ëmmer wäit ass, souguer fir Amerikanesch Verhältnisser: fir bis op New York ass et en Kazesprong, mee et ass een sech net ëmmer bewosst dass San Francisco nach eng Kéier déi duebel Distanz ass. Dofir kréien mer net sou oft Besuch aus dem kulturellen Beräich, mat der Ausnam vun der Lëtzebuerger Filmzeen déi sech ëmmer méi internationaliséiert, déi dann och mathëlleft de Konsul ze „beliewen“. Dofir hoffen ech dass ech iech och wäert iergendwann erëmgesinn!

 

Mat Hibléck op Lëtzebuerg: Wat vermësst Dir am meeschten vun doheem?

D’Gastronomie. Et ginn verschidden Produiten déi een hei einfach net kritt. Do fält mer elo zum Beispill Kéis aus réier Mëllech an. Dat ass natierlech net weider schlëmm an sécher keen Beebroch!

Wat ee natierlech méi nach vermësst ass d’Geschicht: an Europa lieft een aus den ale Steng an de Monumenter déi et hei an där Form net gëtt. Wann een hei eppes ‚ales’ gesäit, dann huet et maximal 150 Joer. Dofir huet een dann natierlech hei Landschaften déi een sou an där Form net an Europa fënnt. Mir hoffen dass mir dowéinst och an den nächsten Wochen a Méint méi Geleeënheeten wäerten fannen fir Amerika e bësse méi ze bereesen. Eppes wéi den Grand Canyon huet natierlech vill ze bidden an bleift eenzegaarteg.

Allerdéngs fënnt een och hei Parallellen mat Lëtzebuerg. Hei un der Westküst gëtt et eng enorm Multikulturalitéit an en ganz internationaalt Ëmfeld, an deem aus der ganzer Welt se heihinner kommen fir ze schaffen.

 

Dann als lescht Fro: Pesto oder Bolognaise?

Putanesca!

 

 

 

Unknown-6.jpeg

 

 

 

Unknown.jpeg

 

 

 

 

 

Unknown-4.jpeg

 

 

 

 

 

 

Unknown-3.jpeg

 

 

 

 

Unknown-2.jpeg

 

 

 

Unknown-5.jpeg

 

 

 

 

 

 

Unknown-7.jpeg

 

 

 

 

 

Unknown-8.jpeg

 

 

 

 

 

 

Unknown-1.jpeg

 

 

 

 

 

Unknown-9.jpeg

 

 

 

30070611_142727696566633_1249497524_o.jpg

 

 

 

30073763_142727683233301_2030956813_o.jpg

 

 

 

 

IMG_1230.jpg 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Suivez-nous     

Prochaines dates

Aucun événement

Calendrier des concerts

Le mois dernier Mars 2024 Le mois prochain
L Ma Me J V S D
1 2 3
4 5 6 7 8 9 10
11 12 13 14 15 16 17
18 19 20 21 22 23 24
25 26 27 28 29 30 31
Go to Top